arrow_back_ios
CD-Klassik
Dramatesch-mephistophelesch Barockmusek
Datt Barockmusek alles anescht ewéi stëbseg, almoudesch, jo langweileg wier, dat beweisen de Raphaël Pichon an den Ensembel "Pygmalion" an där neier Produktioun "Enfers" ganz nohalteg. Si inzenéieren eng Rees duerch d'Hell, groussen Theater mat vill Emotiounen an Effekter, déi engem bal kéinten d'Sprooch verschloen.