Panorama
Panorama
Eng nei Beweegung déi sech selwer als iwwerparteilech bezeechent, schléisst net aus mat an d'Chamberwalen ze goen - dat sot ee vun den Initiateure Georges Jacobs am 100,7 Interview
Déi Lénk hunn haut hire provisoresche Walprogramm presentéiert, dee sech elo der ëffentlecher Debatt stelle soll
Nächst Joer soll Päischtdënschdeg viraussiichtlech kee schoulfräien Dag sinn, den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an de fréieren LSAP-Buergermeeschter vun Iechternach Jos Scheuer sinn dogéint
"De Brexit ass eng lose-lose Situatioun, en huet keng Valeur ajoutée", dat sot den EU-Chefnegociateur Michel Barnier haut zu Bréissel
Et kann elo endlech domat ugefaange ginn, de Stroossebelag op der Sauerdalls-Bréck ze erneieren. De Schantjen, deen zënter 3 Wochen all Dag fir Kilometer-laang Stauen op der Tréierer Autobunn suergt, an deen d'Gedold vun de Frontalieren strapazéiert, ass haut an eng nächst Phas gaangen
Zu Hesper sinn e Sonndeg ëm déi Dausend Liter vun enger Zockerléisung op engem Bauerenhaff ausgelaf an iwwert eng Baach an d'Uelzecht gelaf - dat mellt d'Police
Den Owend steet de Facebook-Chef Mark Zuckerberg de Fraktiounscheffen am Europaparlament zu Bréissel Ried an Äntwert an der Affär iwwert Date-Mëssbrauch, d'Auditioun gëtt live iwwerdroen
Den Australier Rohan Dennis gewënnt déi 16. Etapp vum Giro d'Italia, de Simon Yates bléift am Maillot rose