Panorama
Panorama
Tram: Den Tram ass am Test eng éischte Kéier iwwert d'Rout Bréck gefuer, um Tronçon dee vum Arrêt "Rout-Bréck-Pafendall" bis op de Glacis an da weider bis op d'Stäreplaz geet
Staatsvisitt: Hollännesche Kinnek Willem-Alexander a Kinnigin Maxima vun haut bis e Freideg op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg
Fonds du Logement: Ëffentleche Promoteur wëll an Zukunft kéng Wunnenge mat Terraine méi verkafen a sech zu 70% op d'Locatioun konzentréieren, sou de neien Direkter Eric Rosin
Nei politesch Beweegung: Eng "iwwerparteilech Beweegung fir Lëtzebuerg" soll fir d'Chamberwahle gegrënnt ginn an déi politesch Landschaft méi räich maachen, seet de President vun der Jeeërfederatioun Georges Jacobs, Member vum provisoresche Komitee
Déi Lénk: Aarbecht eng Prioritéit am provisoresche Wahlprogramm vun der Partei
Philip Roth: Bekannten amerikaneschen Auteur a Pulitzer-Präis-Gewënner am Alter vu 85 Joer gestuerwen
Mark Zuckerberg: Facebook Chef entschëllegt sech fir Datemëssbrauch Skandal, bei senger Auditioun am EU-Parlament
USA-Nordkorea Sommet: Geplangten Datum vum 12. Juni kéint verréckelt ginn, sou den US President Donald Trump
USA Finanz-Regulatiounen: Kongress gëtt gréng Luucht fir Reegele réckgängeg ze maachen, déi no der Finanzkris koumen, fir ze verhënneren, dass Banke mat Steiersue gerett ginn