CD-Klassik
Vill Klangfantasie
Fir de Peteris Vasks huet d'Musek ëmmer eng sozial an emotional Fonktioun. Si existéiert net an engem Vakuum, mee an engem bestëmmten Ëmfeld, dat se - wann och a klengem Mooss - beaflosse kann. Déi Iwwerzeegung kënnt beim lettesche Komponist aus der politescher Vergaangenheet vu sengem Land, wou d'Musek iwwer Joerzéngten an iergendenger Form och meeschtens e politesche Statement war. Dem Vasks säi Geieconcerto " Distant Light " ënnersträicht den emotionale Grondgedanke vu senger Musek. Et geet ëm Hoffnung, Trouscht, Erënnerung an Nostalgie. De Sebastian Bohren huet " Distant Light " nei opgeholl.