Panorama
Panorama
De Schoulsystem, de Staat an d'Wirtschaft un den Defi vun der Digitaliséierung upassen - dat ass d'Haaptrevendicatioun vun der UEL am Virfeld vun de Chamberwalen
Och d'Plattform Votum Klima huet haut hir Fuerderungen un déi nächst Regierung presentéiert, et wär Muenches geschitt a Saache Klimaschutz, et bléif awer nach Villes ze dinn
De geplangte Fräihandelsaccord tëschent der EU a Japan war haut Thema an der aussepolitescher Chamberkommissioun - et wier transparent gespillt ginn, esou de Jean Asselborn
D'EU-Kommissioun fuerdert weider Präzisioune vun der Lëtzebuerger Regierung am Dossier Diesel-Zouloossungen. Déi zoustänneg Verwaltung SNCH hat deen Diesel-Motor europawäit zougelooss, deen herno vum Ofgas-Skandal betraff war
Vun all den EU Memberstaaten ass Lëtzebuerg dat Land dat d'EU am meeschten appreciéiert, dat geet aus der neister Eurobarometer Etude ervir, déi d'EU Parlament an Optrag ginn huet
De proposéierten italienesche Premier Minister Giuseppe Conte ass zanter hallwer sechs fir eng Entrevue beim President. Et kéint deemno sinn, datt de Sergio Mattarella de Giuseppe Conte haut den Optrag gëtt, eng Regierung ze forméieren
De fréieren Nationalspiller Samy Picard hält mam Basket op. Déi lescht sechs Saisone war de 29-Joer-ale Spiller bei der Amicale Steesel, mat där hien dëst Joer Championnat an d'Coupe gewonnen huet
Am Giro d'Italia ass de Lëtzebuerger Cyclist Jempy Drucker zäitgläich mam Gewënner Elia Viviani als 7. iwwert d'Arrivée vun der 17. Etapp gefuer