Panorama
Panorama
Den Donald Trump huet d'Treffe mam Kim Jong-Un ofgesot - wéineg Stonnen nodeems Nordkorea säin Atomtestsite zougemaach huet
Den Iran hält sech nach ëmmer un d'Atomofkommes - dat seet déi international Atomenergie-Organisatioun
D'Angscht virun enger grousser Ebola-Epidemie wiisst an der Demokratescher Republik Kongo
Am Kader vun der aktueller hollännescher Staatsvisite hei zu Lëtzebuerg war haut e Seminaire iwwert d'Kreeslafwirtschaft an der Chambre de Commerce
D'Deutsche Bank wëll weltwäit méi wéi 7.000 Aarbechtsplazen ofbauen - op och lëtzebuergesch Aarbechtsplaze betraff sinn ass nach net bekannt
De Kollektivvertrag am Bankesecteur ka wéi geplangt nächste Méindeg ënnerschriwwe ginn
De Mann, deen am Abrëll 2015 seng Zell am Prisong zu Schraasseg a Brand gestach hat, ass de Mëtteg zu 3 Joer Prisong, dovun 2 Joer fest, veruerteelt ginn
D'Lëtzebuergesch Douane huet de Moien illegal Awanderer bei enger Kontroll an engem Camion entdeckt
De Chancëgläichheetsministère well männlech Affer vu Mënschenhandel besser encadréieren a schafft dofir un zwee Projeten
Nieft dem Samy Picard an dem Trainer Ken Diederich ass och de Billy McDaniel d'nächst Saison net méi fir d'Amicale Steesel um Start
Den Däitschen Maximilian Schachmann wënnt déi 18. Etapp vum Giro d'Italia