CD-Klassik
Faarwege Bartok
Zwee Spéitwierker vum Bela Bartok sinn op enger neier CD-Produktioun mat de Münchner Philharmoniker ze héieren: de populäre Concerto fir Orchester an den drëtte Pianosconcerto. Béid Wierker sinn am amerikaneschen Exil entstanen, e puer Joer nodeems de Komponist, op Invitatioun vum Henri Pensis, dräi Mol zu Lëtzebuerg war. D'Exiljoren an den USA ware fir dee schwéierkranke Bartok, hien hat Leukemie, eng däischter Zäit. Nach ewell kléngen den drëtte Pianosconcerto an de Concerto fir Orchester an deem neien Enregistrement ganz faarweg.