Panorama
Panorama
Déi hollännesch Staatsvisite hei zu Lëtzebuerg ass de Mëtten op en Ënn gaangen
Bei de Kollektivvertragsverhandlungen am Bau-Secteur verstäerken d'Gewerkschaften den Drock: OGBL an LCGB hunn decidéiert, fir den Dossier op d'Conciliatioun ze ginn
De Geoffroy Bazin gëtt neie Chef vum Executive Committee vun der BGL a Member vum Verwaltungsrot - hien ersetzt de Carlo Thill un der Spëtzt vun der Bank, deen den 1. Juli an d'Pensioun geet
Vill Lëtzebuerger Associatiounen a Clibb kënnen d'Bestëmmunge vun der neier Europäescher Dateschutzreegelung nach net ëmsetzen
Google, Instagram, WhatsApp a Facebook verstousse géint d'EU-Dateschutzreglement, dat haut a Kraaft getrueden ass. Dës Opfaassung vum "Europäeschem Zentrum fir digital Rechter" deelt de Comité, an deem déi 28 national an déi europäesch Dateschutzautoritéiten vertruede sinn
Héichrangeg Sozialdemokraten zu Berlin, Bréissel a Wien hunn - eisen Informatiounen no - der éisträichescher Zeitung Kurier dem Jean Asselborn säin Numm genannt, als méigleche Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokrate fir d'Europawahlen 2019
No engem Korruptiounsskandal hunn a Spuenien d'Sozialisten e Mësstrauensvote géint déi aktuell konservativ Regierung ugefrot
Nordkorea an d'Vereenegt Staaten hu sech haut bereet gewisen, awer nach weider ze verhandelen
Den Harvey Weinstein gouf zu New York wéinst Vergewaltegung a sexueller Aggressioun un zwou Fraen ugeklot
Zwee Deeg virun der Arrivée zu Roum vum Giro d'Italia léist de Christopher Froome de Simon Yates am Maillot Rose of, no enger spektakulärer Victoire vun er 19. Etapp
Den Ëmweltministère a Meteolux warne virun héijen Ozonwäerter de Weekend