Panorama
Panorama
Irland: Kloer Majoritéit zeechent sech of beim Referendum fir de Verfassungs-Artikel ze sträichen, deen d'Ofdreiwung quasi illegal an Irland mécht. De Wee, fir dat irescht Ofdreiwungs-Gesetz ze liberaliséieren, gëtt domat fräi
Frankräich: Weider Protester géint d'Reform-Politik vum President Macron
Nord-Südkorea: Leadere vu den zwee Koreaen hunn sech nach emol begéint
Uganda: 48 Leit stierwe bei Verkéiers-Accident, sou d'Rout Kräiz an Uganda
Italien: Weider Verspéidung bei der Regierungs-Formatioun, well de President, italienesch Medien no, Zweifel hätt, fir den Euro-Skeptiker Paulo Savona als Finanzminister ze akzeptéieren
Mahmud Abbas: Gesondheet vum palestinensesche President excellent, sou Dokteren
Tennis: Eleonora Molinaro steet beim Juniorinnen-Turnéier Trofeo Bonfiglio zu Mailand an der Finall
Cyklissem/Giro d'Italia: Spuenier Mikel Nieve wënnt zweetlescht Etapp, de Brit Chris Froome bleift Leader, fir muer als wahrscheinleche Schluss-Gewënner iwwert d'Arrivée zu Roum ze fueren
Formel 1: Red Bull Pilot Daniel Ricciardo fiert muer beim Grousse Präis vu Monaco vun der Pole Position fort
Futtball Championsleague: D'Finall, tëscht Real Madrid an FC Liverpool, ass den Owend zu Kiew an der Ukrain