Klassik aktuell
"Faites de la musique, Fête de la musique"
"Faites de la musique, Fête de la musique", dat war d'Formel, déi dee fréiere franséische Kulturminister Jack Lang viru 37 Joer lancéiert huet. Während engem ganzen Dag sollt uechter de ganzen Hexagon, spéider uechter ganz Europa an d'ganz Welt op alle méigleche Plaze Musek gemaach ginn. Et soll ee grousst Volleksfest sinn, dat op dräi Prinzipie baséiert: Ouverture op all Genre vu Musek, eng Bühn fir all Museker - op Amateur oder Professionell, all Concerten si gratis, fir dat och jidderee kann derbäi sinn. Bei der Fête de la Musique soll et keng Exklusioun ginn.
Am Joer 2000 gouf et eng Initiative vum Kulturministère, fir wichteg Acteuren zesummenzebréngen a sech dem europäesche Réseau vun der Fête de la Musique unzeschléissen. 2001 gouf dunn eng asbl gegrënnt, déi de ganze Festdag sollt koordinéieren, an déi huet de Muergen de Programm vum Museksfest 2018 presentéiert.
De Luc Boentges mat Informatiounen.