Panorama
Panorama
D'Doktesch an Zänndokteschassociatioun zitt sech aus der Nomenclature-Kommissioun zeréck. Fir d'AMMD sinn d'Verhandlungen an där Kommissioun gescheitert
Zanter haut kënnen d'Bierger déi 4 sektoriell Pläng Logement, Transport, Landschaftsschutz an Aktivitéitszone consultéieren. Si hunn am ganze 45 Deeg Zäit fir hir Remarken ze formuléieren a se un hire Gemengerot ze schécken
Am Kader vum Sträit iwwert den neie Kollektivvertrag am Bausecteur, huet sech elo d'Patronat zu Wuert gemellt. Et géif een d'Positioun vun de Gewerkschafte bedaueren, déi op d'Conciliatioun wëlle goen
An Hibléck op d'Chamberwahlen am Oktober huet den OGBL seng Fuerderungen a Virschléi presentéiert. Virun allem op Sujeten, déi d'Salariat direkt betreffen, hätt sech d'Gewerkschaft wéilte konzentréieren
Dat neit Uni-Gesetz kann nach virun de Chamberwahlen gestëmmt ginn. Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet hir Aarbechten de Moien ofgeschloss
All Joer lande gutt 500.000 Tonne Plastik-Offall am Mier. Iwwert eng nei Direktiv wëllt d'EU-Kommissioun déi Zuel drastesch reduzéieren
Nodeems an Italien déi geplangte populistesch Koalitioun gescheitert ass, soll elo de Finanzexpert Carlo Cottarelli eng Regierung vun Experten op d'Been stellen, fir d'Land zu Neiwahlen ze féieren
Bei de French Open zu Paräis, goufen haut déi zwee Lëtzebuerger Tennisprofien Gilles Muller a Mandy Minella direkt am éischten Tour eliminéiert.