CD-Klassik
E gudde Start
Zu Wien war de Joseph Haydn géint der Enn vum 18. Joerhonnert de grousse Meeschter vun der Kammermusek. Fir de jonke Ludwig van Beethoven war et kloer, dat e beim an nach vill méi vum Haydn misst léieren, fir déi selwecht Exzellenz am Komponéieren ze erreechen. An esou fänkt en net nëmmen un, Quartetter ze schreiwen, mee och Pianostrioen, vun deenen déi éischt Serie direkt grousse Succès hat a sech och gutt verkaf huet. De Van-Baerle-Trio huet dës éischt Serie elo nei opgeholl - et ass den Optakt vun enger villverspriechender Intégrale.