Panorama
Panorama
Knauf: Firma huet decidéiert, hir nei Steewoll-Fabrick zu Illange a Frankräich ze bauen, 20 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech
Modu 2.0: Net just de Staat, mee och d'Gemengen, d'Entreprisen an déi eenzel Bierger si responsabel fir de Mobilitéitsproblemer ze léisen, sou de Minister François Bausch
Léck: Parquet geet vun terroristeschem Hannergrond aus no der Schéisserei mat véier Doudege gëschter zu Léck, de Numm vum Täter ass a Rapporte vum Geheimdéngscht an der Police zejoert scho virkomm
Italien: Medie spekuléieren iwwer méiglech Wahle schonn am Juli, designéierte Premier Carlo Cottarelli soll dem President haut eng Lëscht presentéiere mat de Membere vun enger Iwwergangsregierung
Kiew: Russesche regierungskritesche Journalist a Schrëftsteller Arkadi Babtschenko ass erschoss ginn
Noen Osten: Wafferou wier mat Israel ofgemaach ginn, seet de palestinensesche Grupp Hamas
Paräis: Police huet mat ëmstriddeneer Evacuatioun vun illgalem Migrante-Camp ugefaangen
EU-Parlament: Premier Xavier Bettel proposéiert seng Ideen fir Europa a stellt sech de Froe vun EU-Deputéierten
Nordrhein-Westfalen: Chaos an héije Schued, virun allem zu Wuppertal, no staarken Donnerwiederen
Cyklissem: Tour de Luxembourg fänkt haut un, mam Prolog an der Stad, an dauert bis e Sonndeg