Panorama
Panorama
D'Zuel vun de Verkéiersdoudegen op eise Stroossen war d'lescht Joer op engem historeschen Déif, allerdéngs sinn nees méi Motocycliste gestuerwen, fir deem entgéint ze wierken sinn eng Partie Präventiounsmoossname geplangt
De Kollektivvertrag am Versécherungssecteur ass en akzeptabele Kompromëss, seet déi majoritär Gewerkschaft aus dem Secteur, d'ALEBA
Well dräi Fleegeheemer refuséieren, de Kollektivvertrag aus dem FHL-Secteur ëmzesetzen, kënnt et elo zum Streik. Dat huet den OGBL de Mëtteg matgedeelt
D'Patientevertriedung kann d'Décisioun vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, fir sech aus der Nomenclatureskommissioun zréck ze zéien, net novollzéien
All d'politesch Parteie bis op déi Lénk - déi sech enthalen hunn - si sech eens iwwert den Text vun der geplangter Verfassungsreform. Haut aacht Deeg soll de projet de rapport vun der geplangter Reform viraussiichtlech an der Chamberkommissioun ugeholl ginn
D'Unioun ënnert den EU-Länner muss méi staark ginn, sou ee vun den Haptmessagë vum Xavier Bettel während dem Débat am Europaparlament iwwert d'Zukunft vun der EU
De russesche Journalist Arkadi Babtschenko, deen zu Kiew sollt ermort gi sinn, lieft. Den angebleche Mord um kremlkritesche Reporter gouf deemno inszenéiert, fir Pläng fir en Attentat vum russesche Geheimdéngscht op de Babtschenko op ze decken.