Panorama
Panorama
Trotz allen Efforte vu Bréissel, fir sech dogéint ze wieren, wäerten ab muer awer déi amerikanesch Stroftaxen op Stol- an Aluminiumimporter gëllen. D'EU wëllt hirersäits mat Douanestaxen op verschidden amerikanesche Produiten äntweren
D'Industriepolitik vun der Regierung huet haut an der Chamber-Wirtschaftskommissioun fir schaarf Kritik vun der Oppositioun gesuergt: Wéinst dësem Dossier Steewoll-Fabrik huet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar behaapt, d'Regierung géif net méi mat enger Stëmm schwätzen a si hätt keng Wirtschaftspolitik méi.
D'Zuel vun der Aarbechtsaccidenter ass d'lescht Joer konstant bei ronn 27.000 bliwwen. Dat sot den Direkter vun der ITM de Moie bei der Bilan-Presentatioun
Bis Mëtt Juni sollen d'Nobesserunge bei der Reform vun der Fleegeversécherung ofgeschloss an op den Instanzewee geschéckt ginn - dat sot de Sozialminister Romain Schneider de Moien op der Generalversammlung vun der COPAS
De Jean-Jacques Rommes trëtt op de 15. Juli als Administrateur-Délégué a President vum Exekutiv-Comité vun der UEL zeréck. Säin Nofolger gëtt den aktuelle Generalsekretär Jean-Paul Olinger
De Fransous Christophe Laporte gewënnt déi éischten Etappe vum Tour de Luxembourg. Den Alex Kirsch ass als beschte Lëtzebuerger haut als 2. iwwert d'Arrivée gefuer.