Panorama
Panorama
No dem ville Reen vun hënt ass d'Land am Ausnamezoustand: D'Regierung huet elo eng finanziell Hëllef an Héicht vun 30 Milliounen Euro fir déi Leit annoncéiert, déi vun Iwwerschwemmunge betraff sinn. Donieft ginn sech fir déi nächst Stonnen nach weider Iwwerschwemmungen erwaart an d'Drénkwaasser a ville Gemengen dierf den Ament nëmmen ënner Restriktioune consomméiert ginn.
Anescht wéi ugeduecht, wäert de Georges Jacobs keng iwwerparteilech Beweegung lancéieren. D'Lëtzebuerger Wort refuséiert fir eng Zeitungsannonce mat dëser Nouvelle muer ze publizéieren
Am Regierungsrot gouf haut de Gesetzprojet iwwert d'Introduktioun vun den Zäitspuerkonten fir d'Salariéeën am Privatsecteur ugeholl
Déi Lénk ginn am Süde mat véier Spëtzekandidaten an d'Chamberwahlen
D'EU huet virun der Welthandelsorganisatioun eng Plainte géint déi amerikanesch Stroftaxen deposéiert
Spuenien huet mam Pedro Sanchez en neie Premierminister, nodeems de Mariano Rajoy de Mueren am Parlament an engem Mësstrauensvote gestierzt gouf
No der 2. Etappe am Tour de Luxembourg ass den Däitschen Alexander Krieger neie Leader am Generalklassement. Den Alex Kirsch ass den 2. mat engem Retard vun 3 Sekonnen.