Panorama
Panorama
Offiziell Gedenkzeremonie fir de verstuerwene grénge Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira haut am Staatsministère
Am Mëllerdall sinn eng Granate a Munitioun aus dem zweete Weltkrich bei den Opraumaarbechten fonnt ginn - d'Granate war net méi schaarf an ass vum zoustännege Service vun der Arméi matgeholl ginn
15 Persoune si bei der Berodungsstell géint Radikaliséierung gemellt, bis elo gëtt et de Phänomen net am Prisong, seet déi Responsabel vun respect.lu
Nom villen hin an hir wäert et elo awer zum Sommet tëscht dem US-President Donald Trump an dem Nordkoreaneschem Leader Kim Jong-un kommen, den 12. Juni zu Singapur
A Spuenien ass de Pedro Sanchez als neie Regierungschef vereedegt ginn an zu Barcelona huet déi nei Regionalregierung hir t Amt opgeholl
Déi nei populistesch Regierung an Italien schléit moderéiert Téin un
Den Italiener Andrea Pasqualon gewënnt d'Kinneksetapp am Tour de Luxembourg, beschte Lëtzebuerger war de Pit Leyder