Panorama
Panorama
D'Propose vun der CSV fir eng territorial Reform per Referendum an d'Weeër ze leede war een Thema an eiser Emissioun Riicht Eraus - den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry an och den DP-Deputéierte Max Hahn hu sech géint dës Iddi ausgeschwat
Och d'Steewollfabrick vun der Firma Knauf, déi jo elo awer net op Suessem kennt, gouf thematiséiert - den Nohaltegkeetsminister huet Reproche vu sech gewisen
Un der tunesescher Küst goufe fënnef-an-drësseg Läiche gebuergen, nodeems e Boot mat Flüchtlingen u Bord am Mëttelmier ënnergaangen ass
Den neien italieneschen Inneminister Matteo Salvini vun der rietsextremer Lega, well d'Hëllefsorganisatiounen stoppen fir déi a Séi-Nout gerode Flüchtlingen ze retten
Zu Léck gouf haut un déi dräi Affer vun engem Attentat lëschten Dënschdeg erënnert
Och zu London ass haut un Affer vun engem Attentat erënnert ginn - ee Joer no der Terrorattack op der London Bridge an um Borough-Maart war de Mëtteg eng Gedenkminutt
A Slowenien hunn d'Parlamentswahlen ugefaangen
Als Reaktioun op Rakéiten déi aus der Gazastreif op Israel ofgeschoss gi sinn, huet déi israelesch Arméi haut Zieler an der Gazasträif bombardéiert
China huet haut e klore Message un d'Vereenegt Staate geschéckt - wann d'USA Stroftaxe géint China erhiewe wëllen, kennt et net zu engem Handelsofkommen tëscht den zwee Staaten
Déi international Sanktiounen géint Nordkorea wäerten eréischt opgehuewe ginn, wann d'Land beweise kann, datt et onëmkéierbar Schrëtt zur nuklearer Ofrüstung gemaach huet, dat sot den amerikaneschen Verdeedegungsminister James Mattis zu Singapur no enger Reunioun mat Vertrieder aus Japan a Südkorea
Wéinst engem Stroumausfall um Hamburger Fluchhafe goufen alleguer d'Flich vun haut gestrach
Den Italiener Andrea Pasqualon gewënnt den Tour de Luxembourg - de Lëtzebuerger Pit Leyder kennt op déi drëtte Plaz
Am Tennis bei de Junioren ass d'Lëtzebuergerin Eléonora Molinaro an der zweeter Ronn vum Roland Garros