Panorama


Muer kennt et fir d'éischte Kéier zu engem Streik am Fleegesecteur hei am Land - vu sechs Auer muer de Moien u leet en Deel vum Personal vum Fleegeheem "An de Wisen" zu Beetebuerg d'Aarbecht néier

Hie wier iwwerzeegt, datt -anescht wéi beim Krankenhaus Nord zu Wien- de Budget vu ronn 540 Milliounen Euro fir dat geplangte Südspidol zu Esch géif agehale ginn. Dat sot de Georges Mischo, President vum CHEM-Verwaltungsrot an Escher CSV-Buergermeeschter

Lëtzebuerg kritt eng éischt rout Lëscht vu menacéierten Aarte vu Päiperleken: dat huet d'Carole Dieschbourg haut um internationalen Dag vun der Ëmwelt ugekënnegt

De LISER huet d'lescht Joer 164 Publikatiounen erausbruecht, 45 Prozent méi wéi dat Joer virdrun. Diskussioune gouf a gëtt et allerdéngs um Niveau vum Kollektivvertrag fir d'Mataarbechter vum LISER

D'CGFP an d'Regierung verhandelen iwwer en neit Gesamtofkommes fir d'Fonction publique

Eng Persoun, déi eng psychotherapeutesch Behandlung brauch, soll net d'éischt mussen e Psychiater gesinn, ier se hir Behandlung rembourséiert kritt - dat schreift d'Patientevertriedung haut am Kontext vun de Verhandlungen ëm d'Konventionéierung vun de Psychotherapeuten

De Statec bleift derbäi: déi nächst Index-Tranche erfält elo am 3. Trimester. Also op den 1. Juli oder, méi wahrscheinlech, op den 1. August respektiv den 1. September 2018

De Chef vum Chantier nieft dem Wichtelhaus zu Beggen huet dem Service Sites et Monuments schrëftlech verséchert, datt bei der Demolitioun géif opgepasst ginn, datt dat denkmalgeschützt Gebai net zu Schued kennt

D'EU-Inneministeren hunn haut hei um Kierchbierg iwwer déi ëmstridde Reform vun der europäescher Asylpolitik diskutéiert, déi jo schonn zanter 2016 blockéiert ass

Den Iran fänkt erëm un, Uran unzeräicheren. Dat wier dorop ausgeriicht, Israel ze zerstéieren, mengt den israelesche Premier Benjamin Netanyahu

Am French Open ass bei den Hären den Éisträichescher Dominic Thiem an der Halleffinall, bei den Damme sinn et d'Amerikanerinnen Madison Keys géint Sloane Stephens

Déi 2. Etapp am Critérium du Dauphiné Libéré am Cyclissem ass am Sprint vum Däitsche Pascal Ackermann gewonne ginn. De Bob Jungels ass haut als 58. an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwer de wäisse Stréch gefuer

D'Lëtzebuerger Futtballnationalequipe spillt den Owend um aacht Auer an engem Testmatch am Stade Josy Barthel géint Georgien


Episoden

Owespanorama

Dréchent: Peegelstänn vu Baachen a Flëss extreem niddereg / Vandalismus: 60 Griewer um Kierfecht zu Beetebuerg beschiedegt / UEFA drot weider mat Boykott
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Beetebuerg: Vandalismus um Kierfecht / Dréchent: Drénkwaasser kéint an Zukunft knapp ginn / Hëtztwell Juni: 9.600 Doudeger an Däitschland
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

D'Online-Banking-App vun der Post soll e Méindeg nees fonctionéieren / Läschmaterial: d'Air Rescue beschwéiert sech iwwer de CGDIS / D'FIFA Spëtzt steet hanner Gianni Infantino
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

D'Online-Banking-App vun der Post soll e Méindeg nees fonctionéieren / Läschmaterial: d'Air Rescue beschwéiert sech iwwer de CGDIS / D'FIFA Spëtzt steet hanner Gianni Infantino
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Statec revidéiert Inflatiounsprognos fir dëst an d'nächst Joer no ënnen / Dréchent: Bauere musse Béischte schluechte wéinst Manktem u Fudder / London: 4 Persounen ergestach
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Op en Neits Attack op ee Giischtjen / Mäerterter Hafe kritt niddereg Peegele vum Rhäin ze spieren / Lidl-Trek: Gespréicher mat Lëtzebuerger Cyclistinnen
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Niddereg Peegele vum Rhäin impaktéieren Hafe vu Mäertert / Léon Gloden: Lëtzebuerg steet zu oppene Grenzen / Hormus-Passage: Fortschrëtter bei Verhandlungen
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Niddereg Peegele vum Rhäin impaktéieren Hafe vu Mäertert / Léon Gloden: Lëtzebuerg steet zu oppene Grenzen / Hormus-Passage: Fortschrëtter bei Verhandlungen
headphones

14 min

play_arrow

Owespanorama

Exklav Ceuta: EU-Inneministere stellen sech hanner spuenesche Premier Sanchez / Analysen ëm Liewenserwaardung vu Pensionéierter / TDF vu Fraen: Marlen Reusser am Maillot Jaune
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Cyberattack op CSL / Meteolux: keng Ofkillung a Siicht / EU-Inneministere beroden iwwer Situatioun zu Ceuta
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

CGDIS: Dräi gréisser Bränn gëschter Owend am Norden / EU Migratioun: Inneministere beroden iwwer Ceuta-Kris / Mouveco: Regierung géif Klimabilan ze positiv duerstellen
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

CGDIS: Dräi gréisser Bränn gëschter Owend am Norden / EU Migratioun: Inneministere beroden iwwer Ceuta-Kris / Mouveco: Regierung géif Klimabilan ze positiv duerstellen
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Ceuta: Luc Frieden solidaresch mam spuenesche Premier Pedro Sanchez / Mouvement écologique kritiséiert Subventioune fir Plug-In-Hybrid-Autoen / Sigrid Haugset neie Maillot Jaune
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Gemeng Hesper: Léieren zéien aus der Vergaangenheet / Vermësste Jong: Strofdot gëtt ausgeschloss / Trump kënnegt Gespréicher mam Iran un
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Rhäin esou niddereg wéi nach ni / Ungarn: Atomzentral ofgeschalt well Donau ze niddereg ass / Energie: Nei Subventioune vu Gas, Mazout a Stroum a Kraaft
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Rhäin esou niddereg wéi nach ni / Ungarn: Atomzentral ofgeschalt well Donau ze niddereg ass / Energie: Nei Subventioune vu Gas, Mazout a Stroum a Kraaft
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

Bëschbränn a Frankräich ënner Kontroll, a Griichenland net / Ungarn fiert eenzeg Atomzentral wéinst Dréchent erof / Ukrain attackéiert massiv russesch zivil Infrastrukturen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Bëschbränn a Frankräich ënner Kontroll, a Griichenland brennt et weider / EU-Inneminister diskutéieren en Dënschdeg iwwer CEUTA / Tour de France Fraen: Victoire fir Lorena Wiebes
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

EU-Inneministeren treffe sech en Dënschdeg wéinst der Situatioun op Ceuta / D'Bëschbränn an Europa breede sech weider aus / D'UEFA entzitt dem FIFA-Chef d'Vertrauen
headphones

9 min

play_arrow

Mëttespanorama

Groussbrand Südfrankräich am Var / Brand Gironde stabiliséiert / Labourpartei wënnt Gemengewale Greater Manchester / G. Infantino verzicht op Projet d'WM ze privatiséieren
headphones

12 min

play_arrow