Panorama


Muer kennt et fir d'éischte Kéier zu engem Streik am Fleegesecteur hei am Land - vu sechs Auer muer de Moien u leet en Deel vum Personal vum Fleegeheem "An de Wisen" zu Beetebuerg d'Aarbecht néier

Hie wier iwwerzeegt, datt -anescht wéi beim Krankenhaus Nord zu Wien- de Budget vu ronn 540 Milliounen Euro fir dat geplangte Südspidol zu Esch géif agehale ginn. Dat sot de Georges Mischo, President vum CHEM-Verwaltungsrot an Escher CSV-Buergermeeschter

Lëtzebuerg kritt eng éischt rout Lëscht vu menacéierten Aarte vu Päiperleken: dat huet d'Carole Dieschbourg haut um internationalen Dag vun der Ëmwelt ugekënnegt

De LISER huet d'lescht Joer 164 Publikatiounen erausbruecht, 45 Prozent méi wéi dat Joer virdrun. Diskussioune gouf a gëtt et allerdéngs um Niveau vum Kollektivvertrag fir d'Mataarbechter vum LISER

D'CGFP an d'Regierung verhandelen iwwer en neit Gesamtofkommes fir d'Fonction publique

Eng Persoun, déi eng psychotherapeutesch Behandlung brauch, soll net d'éischt mussen e Psychiater gesinn, ier se hir Behandlung rembourséiert kritt - dat schreift d'Patientevertriedung haut am Kontext vun de Verhandlungen ëm d'Konventionéierung vun de Psychotherapeuten

De Statec bleift derbäi: déi nächst Index-Tranche erfält elo am 3. Trimester. Also op den 1. Juli oder, méi wahrscheinlech, op den 1. August respektiv den 1. September 2018

De Chef vum Chantier nieft dem Wichtelhaus zu Beggen huet dem Service Sites et Monuments schrëftlech verséchert, datt bei der Demolitioun géif opgepasst ginn, datt dat denkmalgeschützt Gebai net zu Schued kennt

D'EU-Inneministeren hunn haut hei um Kierchbierg iwwer déi ëmstridde Reform vun der europäescher Asylpolitik diskutéiert, déi jo schonn zanter 2016 blockéiert ass

Den Iran fänkt erëm un, Uran unzeräicheren. Dat wier dorop ausgeriicht, Israel ze zerstéieren, mengt den israelesche Premier Benjamin Netanyahu

Am French Open ass bei den Hären den Éisträichescher Dominic Thiem an der Halleffinall, bei den Damme sinn et d'Amerikanerinnen Madison Keys géint Sloane Stephens

Déi 2. Etapp am Critérium du Dauphiné Libéré am Cyclissem ass am Sprint vum Däitsche Pascal Ackermann gewonne ginn. De Bob Jungels ass haut als 58. an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwer de wäisse Stréch gefuer

D'Lëtzebuerger Futtballnationalequipe spillt den Owend um aacht Auer an engem Testmatch am Stade Josy Barthel géint Georgien


Episoden

Owespanorama

Presentatioun vum Staatsbudget 2027 / Nei Gare um Houwald ageweit / Nei Generatioun vu Bancomate ginn installéiert
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

Nobelpräis an der Chimie fir de Franous Neri Kagan an de japaner Kenso Soai / Présentatioun vum Budgetsprojet 2027 / Schockgranaten bei Schülerdemoen a Frankräich verbueden
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Israel: Drëtte Joresdag vun Hamas Attacken / Chamber: Finanzminister presentéiert de Budget 2027 / Fussball: Lëtzebuerg verléiert 0:2 géint Bulgarien
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Israel: Drëtte Joresdag vun Hamas-Attacken / Chamber: Finanzminister presentéiert de Budget 2027 / Fussball: Lëtzebuerg verléiert 0:2 géint Bulgarien
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Owespanorama
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Déi Lénk stëmme fir d‘Steierreform / Studenteprotester a Frankräich gi weider / E Belsch kritt de Physiknobelpräis
headphones

15 min

play_arrow

Moiespanorama

Santé: Reglementer, déi Konventioun tëscht Dokteren an CNS ersetzen, ginn iwwerschafft / Schülerprotester Frankräich: Nationalen a landeswäiten Aktiounsdag
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Santé: Reglementer, déi Konventioun tëschent Dokteren an CNS ersetzen, ginn iwwerschafft / Schülerprotester Frankräich: Nationalen a landeswäiten Aktiounsdag
headphones

12 min

play_arrow

Panorama

Mat ë.a. de Sujete Lëtzebuerger Statsfinanzen, Schülerprotester a Frabkräich an Nations League am Fussball
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Perdo Sánchez rifft Neiwalen a Spuenien aus / UNEL ass solidaresch mat franséische Schülerprotester / Nobelpräis Medezin fir zwee däitsch an en amerikanesche Fuerscher
headphones

14 min

play_arrow

headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

LU-Alert: Landeswäiten Test am spéide Moien / No Sozialwalen: OGBL krut Recht am juristesche Sträit mam LCGB / Brasilien: Stéchwal tëscht Flávio Bolsonaro a President Lula
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Iwwer 1.400 Brasilianer mussen zu Lëtzebuerg haut iwwer hieren neie President ofstëmmen / Regierungspartei wënnt d'Walen a Lettland / Lëtzebuerg verléiert 0-1 géint Estland
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Supermarché verkeeft Pëtrolsproduite méi bëlleg: grousse Succès / Spannung virun de Presidentewalen a Brasilien / Lëtzebuerg verléiert 0-1 géint Estland
headphones

8 min

play_arrow

Owespanorama

Owespanorama
headphones

8 min

play_arrow

Mëttespanorama

1 Joer Grand-Duc Guillaume / Flydubai-Flug: Copilot war bei enger Compagnie wéint Sécherheetsbedenken entlooss ginn / Frankräich: Suite vun de Schülerprotester en Dënschdeg
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

G7-Länner ginn 100 Mio Barrel Pëtrol fräi / Neit Joer: soziale Mindestloun klëmmt ëm 3,8% / Frankräich: 5000 Interpellatioune bei Schülerprotester des Woch
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

D‘G7-Länner ginn Diesel- a Petrolsreserven fräi / Bedruchsfall Déifferdeng: FGFC mécht Sécherheetsmoossnamen verantwortlech / Frankräich: Schüler wëllen hir Protester weiderféieren
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Joyeuse Entrée zu Einen / Lëtzebuerg kéint och Leit an Drëttstaaten zeréckschécken / EU-Krisesëtzung wéinst US-Dieselfuederungen
headphones

13 min

play_arrow