Panorama
Panorama
D'EU wiert sech géint déi protektionistesch Handelspolitik vun den USA - Vum 1. Juli u ginn d'Importtaxen op verschiddenen amerikanesche Wueren erop
Och am däitsche Bundestag waren déi amerikanesch Stroftaxen en Thema - déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet sech haut eng éischte Kéier de Froe vun den Deputéierte gestallt
Déi nei Verfassung soll bis Enn 2020 a Kraaft trieden, dat sot haut den Alex Bodry. Zanter de Moie gëtt et offiziell e politeschen Accord vun der néideger Majoritéit an der Chamber fir den aktuellen Text
De Rapport iwwer d'Reform vum Scheedungsrecht gouf de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl
D'Chamber huet de Mëtteg eestëmmeg d'Gesetz iwwer den Déiereschutz gutt geheescht. Domat kréien d'Déieren de Statut vun engem net-mënschleche Liewewiesen, dat sensibel ass a Péng kann empfannen
Dräi Wochen nom onerwaarten Doud vum grénge Staatssekretär am Ëmweltministère war de Mëtte beim Optakt vun der Chamberssitzung en Hommage fir un de Verstuerwene Camille Gira ze gedenken
Eng 40 Mataarbechter aus dem Fleegeheem an de Wisen zu Beetebuerg sinn de Moien um sechs Auer an de Streik getrueden - e Reportage vun der Plaz
De Staatsexamen gëtt reforméiert - vum 25. Juni u gëllen nei Modalitéiten - Dat huet den zoustännege Minister Dan Kersch haut ugekënnegt
De Regierungsrot huet sech fir de Gesetzesprojet fir déi obligatoresch Installatioun vu Rauchmelder a Gebaier mat op d'mannst engem Logement ausgeschwat. Weidert Thema war den Ausbau vum Härebierg, och hei huet d'Regierung hiren Accord ginn
Am French Open bei den Dammen hunn d'Spuenierin Garbiñe Muguruza an d'Rumänin Simona Halep sech haut fir d'Halleffinall qualifizéiert
Bei de Junioren am French Open huet d'Lëtzebuergerin Eleonora Molinaro sech fir d'Véierelsfinall qualifizéiert
Déifferdeng wëllt eng Sport-Grondschoul bauen. Et wier eng Demande do. D'Zil wier, d'Kanner scho ganz fréi un de Sport erunzeféieren
Vu Mëtternuecht u gëtt den Diesel 1,4 Cent de Liter méi bëlleg a kascht domat 1,117€ de Liter