arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Péché de vieillesse
Schonn eleng den Titel ass e Clin d'oeil vum Komponist: "Petite Messe solennelle". Dem Gioacchino Rossini säi Spéitwierk ass alles anescht wéi kleng a fir ee Chouer eng grouss Erausfuerderung. De Kammerchouer Ambitus - ënner der Leedung vum Roby Schiltz - féiert d'Wierk iwwermuer Samschdeg (9.6.2018) am Trifolion zu Iechternach op.