Panorama
Panorama
De Streik am Fleegeheem les parcs du Troisième age zu Bartreng, deen de Moien ugefaangen huet, ass erëm eriwwer - Zu Beetebuerg gëtt awer weider gestreikt a vu muer un och am Zitha Senior Fleegeheem zu Péiteng
Eng 250 Gewerkschaftler aus Frankräich, der Belsch a Lëtzebuerg hunn haut um Kierchbierg géint d'Privatiséierung vun der Eisebunn an der Europäescher Unioun protestéiert
D'Gewerkschaften ALEBA, OGBL an LCGB ruffen op fir muer virun de Lokalitéiten vun der Nordea-Bank op der Kalchesbréck ze demonstréieren
D'Hondsgesetz vun 2008 soll op de Leescht geholl ginn, sot den Agrarminister Fernand Etgen de Mëtteg no der ëffentlecher Debatt iwwer d'Petitioun 966
D'Stater Beruffspompjeeë sinn d'lescht Joer 17.809 Asätz gefuer
Kritik vum fréieren déi Lénk Deputéierte Serge Urbany um Etienne Schneider a Saache Knauf-Steewollfabrick
Lëtzebuergesch soll weider gestäerkt a promouvéiert ginn. Dat koum bei enger rezenter Etüd vum TNS Ilres iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch eraus
Elo ass et offiziell - Monsanto gehéiert dem däitschen Agrarchemie- a Pharmakonzern Bayer
An Däitschland gëtt d'Wahlrecht fir d'EU-Parlament reforméiert an eng Sperrklausel fir kleng Parteie gëtt erëm agefouert - dofir krut d'Bundesregierung elo den Accord vun den EU-Memberstaaten
D'Lëtzebuerger Fecht-Fédératioun (FLE) schéisst schaarf géint d'Coque: den nationale Sport- a Kulturzenter wär absolut onflexibel, wéineg entgéintkomment an a sengen Tariffer iwwerdriwwen deier
Am French Open sinn d'Rumänin Simona Halep an d'Amerikanerin Sloane Stephens an der Finall, bei den Hären hunn de Spuenier Rafael Nadal an den Argentiner Juan Martin del Potro sech haut fir d'Halleffinall qualifizéiert a fir d'Lëtzebuergerin Eleonora Molinaro ass et no de Junior-Véierelsfinallen eriwwer