Panorama
Panorama
Haut ass den zweeten Dag vum G7 Sommet a Kanada, d'Divergenzen tëscht den USA an den anere Memberlänner si weiderhi grouss
Groussbritannien kënnt a Saache Brexit net zur Rou, den Ausseminister Boris Johnson zweiwelt wéi et schéngt un der Fäegkeet vun der britescher Regierung, fir den Dossier ze geréieren
Virum Fleegeheem An de Wisen zu Beetebuerg huet den OGBL haut eng Solidaritéitsaktioun vun de Salariéeën aus dem Fleege-, Gesondheets- a Sozialsecteur organiséiert
Zu Heischent gouf an der Nuecht e Geldautomat aus der Mauer vun engem Akafszenter gesprengt
Iwwer en Audit soll analyséiert ginn, op d'Verdeelung vum Budget vum Film Fong nach un d'Realitéit adaptéiert ass, annoncéiert de Medieminister Xavier Bettel
Vun haut u kënnen d'Tierken, déi zu Lëtzebuerg wunnen, hir Stëmm ofgi fir déi virgezunne Presidentschaftswahlen an der Tierkei
Déi radikal-islamesch Taliban am Afghanistan hu fir dat traditionellt Fest fir den Ofschloss vum Ramadan eng dräi Deeg laang Wafferou annoncéiert