Panorama
Panorama
Eng 150 Leit hunn an der Mëttesstonn virun der Nordea Bank op der Kalschesbréck demonstréiert - d'Gewerkschaften ALEBA, OGBL an LCGB haten e Protestpiquet organiséiert wéinst dem Sozialplang bei der Bank
Weiderentwécklung beim Streik am Fleegesecteur: Den OGBL gehäit der Firma Sodexo, déi d'Fleegeheem an de Wisen zu Beetebuerg geréiert, en Interessekonflikt vir. Och zu Péiteng an an der Stad soll gestreikt ginn - wéini ass nach net bekannt
D'CGFP hätt mat "e bësse Murren" acceptéiert, datt méiglech Verbesserunge beim Stage nëmmen Deel vun engem Gesamtaccord kéinte ginn, esou den Dan Kersch am 100,7-Interview
Dat neit proposéiert Reglement vun der EU Kommissioun fir d'Betreiung vu Chômeuren an der EU wier eng grouss Gefor fir d'ADEM zu Lëtzebuerg, warnt den LSAP Aarbechtsminister Nicolas Schmit
Iwwer en Audit soll analyséiert ginn, op den aktuelle Verdeedegungssystem vum Budget vum Lëtzebuerger Film Fong nach un d'Realitéit adaptéiert ass, annoncéiert de Medieminister Xavier Bettel
Zu Lëtzebuerg ass d'Benotze vum fixen Telefon 2017 ëm iwwer zéng Prozent erofgaangen - dat notéiert d'ILR am Joresrapport iwwer d'Telekommunikatioun haut
Kosovaresche Vizepremier- an Ausseminister zu Lëtzebuerg
Am Québec fänkt den Owend eiser Zäit de G7-Sommet un. Scho virum Treffe vun de siwe gréissten Industrielänner sinn d'Tensioune gewuess - wéinst der protektionistescher amerikanescher Handelspolitik
Däitschland an d'Belsch goufen haut als net-permanent Membere vum UNO-Sécherheetsrot gewielt - vun 2019 bis 2020 hunn eis béid Nopeschlänner e Sëtz am Gremium vun der Weltorganisatioun, awer, am Géigesaz zu deenen anere Memberen, kee Veto-Recht
Dominic Thiem an der Final vum French Open
Dan Martin gewënnt fënneft Etapp vum Critérium du Dauphiné, Geraint Thomas fiert als zweeten iwwer d'Arrivée an iwwerhëlt de giele Maillot. Bob Jungels elo Aachten am General
An der NBA kéint hënt den decisive Match an der Finall sinn. D'Golden State Warriors treffen eng véierte Kéier op d'Cleveland Cavaliers mat engem 3-0 Avantage