Panorama
Panorama
Reen: Weider Iwwerschwemmungen um Weekend, d'Opraum-Aarbechten nom Reen vum 1. Juni wieren nees deelweis zerstéiert ginn, sou den Direkter vun de Rettungsdéngschter Paul Schroeder am 100,7 Interview
Portugisesch Communautéit: Referendum vun 2015 war "eng op de Bak fir d'Auslänner", sou d'Presidentin vun der Konfederatioun vun der portugisescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg, Elisabete Soares, am 100,7 Interview
Alex Bodry: "Et gëtt kee gemeinsame blo-rout-grénge Projet méi", sou den LSAP Fraktiounschef an engem Interview mat reporter.lu
Italien/Malta: Rettungsschëff mat 629 Migranten aus Libyen u Bord, krut keng Autorisatioun, fir déi Betraffen do u Land ze loossen
Sentosa/Singapur: Virbereedunge fir historesche Sommet muer tëscht Donald Trump a Kim Yong Un
G7: Kritik vun der EU nodeems den US President Trump aus der gemeinsamer Deklaratioun erausgeklommen ass
Ukrain/Russland: Relance vu Gespréicher fir Konflikt am Oste vun der Ukrain op en Enn ze bréngen
Jordanien: 2,5 Milliarden US Dollar Hëllef vu Saudi Arabien, Arabeschen Emirater a Kuwait
Tennis: Rafael Nadal wënnt Roland Garros fir déi eelefte Kéier
Formel 1: Sebastian Vettel (Ferrari) neie Leader am Gesamtklassement no Victoire gëschter beim Grousse Präis vu Kanada