Panorama
Panorama
Police-Reform: Poliziste kréie méi Mëttel fir bei imminente Geforen ze reagéieren, duerch d'Police-Reform, déi mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien an der Chamber ugeholl gouf
Fleegesecteur/Streik: Beim Streik am Fleegeheem "An de Wisen" zu Beetebuerg géif d'COPAS, den Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur, géint d'Streikrecht verstoussen, behaapt den OGBL
Euratom Akkord: Lëtzebuerg, Däitschland an Éisträich fuerderen, dass den Traité fir déi europäesch Nuklearenergie iwwerschafft gëtt, et dierfte kéng Fërdergelder méi an d'Atomindustrie fléissen, esou d'Lëtzebuerger Ëmweltministesch
Sonndesfro Norden: LSAP -1 Sëtz, d'CSV + 1 Sëtz, mee minus véier Prozentpunkten Zoustëmmung am Verglach mam leschte Politmonitor (Dezember 2016)
Nordkorea/USA: Donald Trump och bereet, fir d'Sanktioune géint Nordkorea opzehiewen, esou déi staatlech nordkoreanesch Medien
Mazedonien: D'Land soll an Zukunft "Republik Nord-Mazedonien" heeschen, nodeems Griicheland a Mazedonien sech no 27 Joer-laangem Sträit doriwwer eens goufen
Frankräich: Bauere blockéieren 18 Raffinerien a Bensin's-Depote aus Protest géint Palm-Ueleg Importer
Paräis: Zuchverkéier op der Gare Saint Lazare ënnerbrach wéinst Signalisatiouns-Pann
Futtball: Virum Ufank vun der Weltmeeschterschaft muer a Russland decidéiert d'FIFA haut, a wéi engem Land d'WM am Joer 2026 wäert sinn