Panorama
Panorama
Weiler-la-Tour: Komplementar-Wahlen néideg nom Récktrëtt vum Gemengerot Fernand Schroeder, sou wort.lu an RTL
Douane/ITM: Nei Konventioun fir Detachement vu Salariéë soll verstäerkt Kontrolle géint sozialen Dumping erméiglechen
Handelssträit: US President Donald Trump wëllt weider chinesesch Importer am Wäert vun 200 Milliarden US Dollar mat 10 Prozent taxéieren
Iran/EU: Entreprisë veronséchert nom Austrëtt vun USA aus dem Atom-Akkord, sou d'Lëtzebuerger Chambre de Commerce
Däitschland-Frankräich Conseil: Emmanuel Macron an Angela Merkel zu Berlin zesumme fir EU Sommet Enn Juni virzebereeden
USA/Südkorea: Virbereedunge fir Militärmanöveren am August goufe gestoppt, sou de Pentagon
Monsanto: Éischte Prozess zu San Francisco géint US Agrar-Konzern (dee vu Bayer kaf gouf) mam Virworf, Monsanto hätt net richteg iwwer d'Kriibsgefor vu Glyphosat informéiert
Fussball-WM: England, Belsch a Schweden hunn hir éischte Mätscher an der Gruppephase gewonnen
Fussball-WM/Matcher haut: Kolumbien-Japan (14:00), Polen-Senegal (17:00), Russland-Egypten (20:00)