CD-Klassik
Perfekt synchron
Mat engem Telefonsgespréich am Joer 1991 huet d'Geschicht vun dësem Diskeprojet ugefaangen. De Sergei Babayan rifft ganz spontan d'Martha Argerich un, fir hir een Duo-Optrëtt ze proposéieren. Hien ass ganz verwonnert, wéi déi net ëmmer einfach Pianistin zouseet. Elo kann de Babayan sech och u seng zweet Iddi ginn: Musek vum Prokofjew fir zwee Pianoen ëmzeschreiwen. D'Première dovu war 2013 zu Lugano, an elo gëtt et och eng Opnam.