Panorama
Panorama
Chamberwahlen: Et ass mat aacht Lëschten an alle Bezierker an enger zousätzlecher am Süden ze rechnen. D'Kommunistesch Partei wëll hir Lëschten an den nächste Wochen annoncéieren. Déi Fräi Ökologesch Demokratesch Partei ass net méi an der Course
Kulturhaaptstad Esch 2022: Kontrakter vu Coordinateure Janina Strötgen an Andreas Wagner net verlängert
Akkord Dan Kersch-CGFP: "E Wahlkaddo", sou d'Octavie Modert (CSV)
Populatioun Lëtzebuerg: 313.771 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit (52,1% vun der Populatioun) op den 1.01.2018 (STATEC)
Ungarn: Kritik um Gesetz, dat Organisatiounen a Mënsche kriminaliséiert, déi Migranten ouni Openthaltsgeneemegung hëllefen
EU Asylpolitik: Debarkatiouns-Plattformë fir Flüchtlingen a Nordafrika an an europäesche Länner geplangt, weist Entworf fir EU Sommet
Andreas Breivik: Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter leent Plainte vum Massemäerder géint d'Konditioune vu senger Inhaftéierung als irrecevabel of
Uerteel géint Däitschland: Europäesche Geriichtshaff huet Däitschland veruerteelt wéinst ze vill héicher Konzentratioun vu Nitrater am Grondwaasser
Griicheland: Euro-Grupp berot iwwert d'Ophiewe vum Hëllefsprogramm fir Griicheland
Futtball WM/Mätscher haut: Dänemark-Australien (14:00), Frankräich-Peru (17:00), Argentinien-Kroatien (20:00)