arrow_back_ios
CD-Klassik
Gefillsintensiv
Zanter dem 1. Februar ass den Andris Nelsons offiziell den 21. Gewandhauskapellmeister zu Leipzig. Schonn éieren de letteschen Dirigent dëse Posten iwwerholl huet, huet e mam Orchester eng Intégrale vum Anton Bruckner senge Symphonië lancéiert. Elo ass déi 7. Symphonie erauskomm, déi Symphonie, déi och 1884 zu Leipzig uropgefouert gouf.