CD-Klassik
Faarwen an differenzéiert Rhythmik
D'Kombinatioun vum Maurice Ravel senge Pianosconcerti mat deem vum George Gershwin ass logesch a programmatesch sënnvoll. De Ravel war ee begeeschterten Jazz-Fan an huet de Gershwin fir säin Don bewonnert, dës nei Kläng a Rhythmen ouni Schei a mat vill Geschéck an déi klassesch Musek eranzebréngen. De Pianist Denis Kozhukin huet déi dräi Wierker elo mam Orchestre de la Suisse Romande opgeholl.