Panorama
Panorama
Entféierung: De Bouf, dee gëschter bei enger Schoul entféiert gouf, a säi Papp, sinn a Frankräich gesond a monter erëmfonnt ginn, de Papp wier vun der franséischer Police interpelléiert ginn, sou d'Police an de Parquet zu Lëtzebuerg
Kanner mat spezifesche Besoinen: Kréien e Recht op eng Formatioun, duerch e neit Gesetz, wat an der Chamber ugeholl gouf
Lëtzebuergesch: Lëtzebuerger Sprooch géif scho méi laang fir nationalistesch Revendicatioune benotzt ginn, d'Méisproochegkeet wär och historesch gewuess, sou d'Melanie Wagner, Soziolinguistin fir Lëtzebuergesch am 100,7 Interview
Wirtschaft: STATEC rechent mat 4% Wuesstem vum PIB dëst Joer
Däitschland: Regierungskoalitioun bleift handlungsfäeg, sou den Unioun-Fraktiouns-Chef Kauder no de Gespréicher hënt iwwert den Asyl-Sträit
Myanmar: Amnesty International reprochéiert der Arméi a Police Vergewaltegung, Folter, a Mord vun Dausende Leit vun der moslemescher Rohingya Minoritéit
Lifeline: Schëff vun däitscher ONG waart am Mëttelmier op d'Autorisatioun fir op Malta kënnen unzeleeën
Däitschland: Nach kéng Detailer iwwert d'Gespréicher vun de Koalitiouns-Spëtzten iwwert d'Asylpolitik
USA: 17 Staate kloen d'Regierung un wéinst Trennung vu Migranten-Kanner an hiren Elteren
Futtball WM: Argentinien an Dänemark an den Aachtels-Finallen
Futtball WM haut: Mexiko-Schweden (16:00), Däitschland-Republik Korea (16:00), Schwäiz-Costa Rica (20:00), Brasilien-Serbien (20:00)