CD-Klassik
Spontan a fantasievoll
"Maxim Emelyanychev est un artiste fascinant", schreift La Croix iwwer de russeschen Dirigent a Pianist. Effektiv ass den Emelyanychev eng aussergewéinlech Perséinlechkeet. Mat 12 Joer huet hien eng éischte Kéier een Orchester dirigéiert. Haut huet en 30 Joer an ass vun 2019 u Chefdirigent vum renomméierte Scottish Chamber Orchestra. Mee net nëmmen als Dirigent mécht den Emelyanychev op sech opmierksam, och als Pianist. Elo huet hie Wierker vum Mozart opgeholl, woubäi ëm seng Experienz als Chef vum Barockensembel Il Pomo d'Oro net ganz onnëtz war.