CD-Klassik
Zäit a Raum fir d'Musek
15 min
Den Altomonte-Orchester ass duerch an duerch e Bruckner-Orchester. Den Ensembel gouf 1996 fir den 100. Doudesdag vum Komponist gegrënnt. Säin Numm huet e vun de Bridder Altomonte, zwee Barockmoler, vun deenen d'Fresken an der Stiftskirche St. Florian bei Linz sinn, do wou de Bruckner d'Uergel gespillt huet an och säi Graf ass. An hei ass den Altomonte-Orchester am gaangen, eng Bruckner-Integrale opzehuelen. Elo ass déi 5. Symphonie erauskomm.