CD-Klassik
Zwee exzellent Solisten
15 min
"In Klavierkompositionen sind wohl jetzt Beethoven und Anton Eberl die stärkesten. Beyde haben Neuheit, Feuer und Kraft", schreift een Zäitgenossen iwwer béid Komponisten. De Beethoven gëllt bis haut als ee vun deene Gréissten, den Anton Eberl ass bal vergiess. Dobäi war hien net nëmmen enk vernetzt an der Wiener Musekszeen ronderëm Mozart a Beethoven, mee och e wierklech héich geschätzte Museker a Komponist. Elo gëtt et eng nei Produktioun mat Musek fir zwee Pianoe vum Anton Eberl.