CD-Klassik
Lieweg Interpretatiounen
14 min
De Camille Saint-Saëns war virop een exzellente Pianist an Organist. De Franz Liszt huet de jonke Saint-Saëns als de beschten Organist weltwäit gelueft. An och um Piano war de Saint-Saëns a Frankräich ouni Konkurrenz. Iwwerdeems war HIen och den éischte Museker, de jee eege Wierker enregistréiert huet. Vum Saint-Saëns senger éischter Opnam bis haut sinn en etlech Joerzéngte vergaangen, a regelméisseg kommen IntegralË vun de Pianosconcerti eraus. Elo ass eng nei Integrale komplett - mam Pianist Romain Descharmes an dem Symphonieorchester vu Malmö.