arrow_back_ios
CD-Klassik
E Komponist, vill Stiler
Den Igor Strawinsky war sécher ee vun deene verwandlungsfäegste Komponisten iwwerhaapt. E konnt grad esou gutt romantesch komponéiere wéi och neoklassesch. Hien huet dacks d'Rhythmik an de Mëttelpunkt gestalt - virun allem a senge Balletsmuseken, war awer och virwëtzeg genuch, nei Tendenze wéi Jazz oder Rag opzegräifen. Dobäi ass et um Enn ëmmer Strawinsky-Musek bliwwen. E flott Beispill vun dëser kompositorescher Bandbreet proposéiert een duebelen Album mat Pianoswierker mam Peter Donohoe als Solist.