Panorama
Panorama
REVIS: Revenu d'Inclusion Sociale (deen den RMG ersetzt) an der Chamber ugeholl, CSV an déi Lénk hunn dogéint gestëmmt
Ëffentlech Archiven: Chamber huet Gesetz ugeholl fir den ëffentlechen Archiven eng legal Basis ze ginn
Facebook: Britesch Dateschutzkommissioun (IOC) wëllt Facebook mat 500.000 Pond bestrofe wéinst dem Mëssbrauch vu perséinlechen Daten
Thailand/Südost-Asien: Vill Freed no der Rettung vun den 12 Jongen an hirem Trainer aus enger Grott
Japan: Bilan vun Iwwerschwemmungen op 179 Doudeger geklommen
USA/China Handelssträit: USA publizéiert Lëscht mat 6.000 weidere chineseschen Importproduiten op deenen eng Strof-Douanes-Tax soll opgehuewe ginn
NATO Sommet: US President kritiséiert NATO Alliéierter, si géifen net genuch fir d'Verdeedegung ausginn, virum NATO Sommet haut a muer zu Bréissel
Däitschland/Energie: Dëst Joer gouf fir d'éischte Kéier méi Stroum aus erneierbaren Energië wéi aus Kuel produzéiert
Fussball WM: Frankräich steet an der Finall, no enger 1-0 Victoire géint d'Belsch an der Halleffinall
Fussball WM: Zweet Halleffinall den Owend um 20:00: England géint Kroatien