CD-Klassik
Beethoven aus enger neier Perspektiv
Täschepartiture kennt een. Et sinn déi handlech Formater vun de Partituren, praktesch fir matzeliese beim CD lauschteren oder och am Concert. "Taschenphilharmonie" ass vläicht manner bekannt. De Münchner Ensemble nennt sech selwer "de klengste Symphonieorchester vun der Welt". Et geet drëms, grouss Symphonik a reduzéierter Besetzung an adaptéierten Arrangementer opzeféieren, fir de grousse Repertoire nach méi ënner d'Leit ze bréngen. Eng spannend Niewewierkung ass eng nei Perspektiv op déi grouss Orchesterliteratur, wéi dem Beethoven seng Symphonien, déi elo als Coffret publizéiert goufen.