Panorama
Panorama
Russland huet sech net an den amerikanesche Walkampf 2016 agemëscht a wäert sech och ni an iergendee Wahlprozess amëschen - dat sot de russesche President Putin haut no engem bilaterale Sommet mat sengem amerikaneschen Homolog
De lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn reagéiert op Aussoe vum US-President Donald Trump, deen d'EU als Feind bezeechent hat
Den Handelskonflikt tëschent den USA an hire Partner kéinten en negative kuerzfristegen Impakt op de weltwäite Wirtschaftswuesstem hunn - dat schreift den internationale Währungsfong haut an hirer aktuellster Previsioun fir 2018
Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry lueft d'Aarbecht vun der blo-rout-grénger Majoritéit a kritiséiert déi gréissten Oppositiounspartei CSV - déi wéilt keng Faarf bekennen.
Den Avis vum Gemengesyndikat Syvicol iwwer déi véier revidéiert sektoriell Pläng.
De medezinesche Leeschtungskatalog am Beräich vun der Verdauungssystems- a Bauch-Chirurgie ass aktualiséiert ginn
Den däitsche Stolkonzern Salzgitter wëllt eng Offer maache fir Anlage vun ArcelorMittal zu Diddeleng an zu Léck ze iwwerhuelen
D'Luxexpo-Aktionären, d'Handelskammer an d'Stad Lëtzebuerg reagéieren op d'Pläng vun der Regierung, en neie Site fir d'Foireshalen ze sichen
De Lëtzebuerger Fussball-Nationalspiller Aurélien Joachim huet en neie Veräin, hien huet fir zwee Joer bei Excelsior Virton an der drëtt-héchster belscher Divisioun ënnerschriwwen.
Vu Mëtternuecht u gëtt den Diesel 2 Cent de Liter méi bëlleg a kascht dann 0,9444 Euro de Liter.