Panorama
Panorama
D'Police gëtt an Zukunft mat sougenannte Bodycams equipéiert, also um Kierper montéiert Kameraen, dat sot de Minister fir bannescht Sécherheet haut no enger Sëtzung vun der Chamberjustizkommissioun
D'Finanzéierungsgesetz fir de Bau vum Käerjenger Contournement gouf an der Chamber gestëmmt - ouni d'Stëmme vun den LSAP-Deputéierten a Suessemer Gemengeresponsabelen Georges Engel a Simone Asselborn-Bintz
An der Fonction publique ginn d'Zäitspuerkonten agefouert, dofir huet d'Chamber de Mëtteg eestëmmeg gréng Luucht ginn
No fënnef Joer Blo-Rout-Gréng gesäit déi gréng Fraktioun sech prett fir weider fënnef Joer an enger Regierungskoalitioun, mécht awer keng Ausso doriwwer mat wiem
Bis Enn des Joers kéint d'Regierung zousätzlech Zillänner fir d'Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik definéiert hunn, sot de Kooperatiounsminister Romain Schneider op Nofro hin
Am Juni hunn 151 Persounen Asyl zu Lëtzebuerg ugefrot, esou den Ausseministère
D'EU a Japan hunn de Mëtteg d'Fräihandelsofkommes Jefta ënnerschriwwen
De fréieren US-President Barack Obama plädéiert fir méi international Zesummenaarbecht op der Zeremonie fir den Nelson Mandela zu Johannesburg
De Fransous Julian Alaphilippe huet haut déi zéngt Etapp am Tour de France vun Annecy op Le Grand Bornand gewonnen
D'Hollännerin Annemiek van Vleuten wënnt d'Course by le Tour de France
De lëtzebuergeschen Basket-Nationalspiller Alex Laurent bléift bei sengem Veräin Den Helder Suns an Holland