Panorama
Panorama
D'EU-Kommissioun huet haut eng Rekordstrof géint Google verhaangen - 4,3 Milliarden Euro soll den US-amerikaneschen Internet-Konzern bezuelen an et dréie weider Amenden
Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wiert sech géint Spekulatiounen iwwer säi Gesondheetszoustand a Récktrëttsfuerderungen
D'CSV wëllt Gemengefusiounen am Joer 2029 - dat steet am Wahlprogramm, vun deem déi grouss Linnen haut presentéiert goufen - wëllt sech awer net méi festleeën, wéi vill Gemengen duerno sollen iwwereg bleiwen
Eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten, keng Hausse vun de Mindestloun-Käschten an eng determinéiert Aktioun fir de Logement an d'Mobilitéit - dat fuerdert d'clc haut am Virfeld vun de Chamberwahlen
D'Chamber huet haut d'Gesetz iwwer eng oppen an transparent Verwaltung gestëmmt - en Text, deen awer weiderhi fir vill Kritik suergt
De Beruff vum Osteopath ass elo offiziell unerkannt - dat deementspriechend Gesetz gouf haut an der Chamber gestëmmt
D'Kontrovers geet weider, nodeems den US-President Donald Trump e Méindeg bei enger Pressekonferenz mat sengem russeschen Homolog, wéi et schéngt, dem Vladimir Putin gegleeft huet, datt Russland ni probéiert hat, sech an d'Wahlen 2016 anzemëschen
De Geraint Thomas aus der Equippe Sky wënnt déi 11. Etapp vum Tour de France an iwwerhëlt de giele Maillot, de Bob Jungels fält op déi 15. Plaz am Generalklassement
D'Mandy Minella setzt sech am éischten Tour vum ATP Tournoi zu Gstaad géint d'Tscheschin Tereza Martincová duerch
De Bensin gëtt méi bëlleg