Panorama
Panorama
Schweden: Wéinst de Bëschbränn huet Schweden auslännesch Hëllef ugefrot
Tierkei: Ausnamezoustand no zwee Joer opgehuewen
Israel: Parlament huet ëmstriddene Gesetzprojet ugeholl, deen Israel als "nationale Staat vum jiddesche Vollek" definéiert
Chamber: Gesetz fir "transparent an oppen Administratioun" ugeholl
Blanche Weber: De frësche Wand fir méi Transparenz wier ënnert dëser Regierung net geschitt, sou d'Presidentin vum Mouvement Ecologique am 100,7 Interview
Osteopathen: Fënnef Deputéierter hunn net deelgeholl um Vott iwwert de Gesetzprojet fir d'Osteopathie als Gesondheetsberuff unzëerkennen
Eisebunn (CFL): Zuchpassagéier zu Lëtzebuerg ëm 7,6% geklommen an der éischter Halschent vum Joer
Ryanair: 600 Flich falen de nächste Mëttwoch an Donneschdeg (25. a 26. Juli) aus wéinst Streik vum Kabinnen-Personal
Thierry Solère: Garde à vue vu franséischem Deputéierten Thierry Solère (La République en Marche) opgehuewen op Grond vu medezineschem Avis
Tour de France: Lescht Alpen-Etapp haut bis op d'Alpe d'Huez, de Brit Geraint Thomas ass am giele Leader Trikot