arrow_back_ios
CD-Klassik
Déi grouss Symphonie an Do Majeur
"Rhythmesch-euphoresch", "Energie", "intensiv" a "grouss Symphonik" - Wann de Remy Franck all dës Wieder an de Mond hëlt, heescht dat, datt hien eng exzeptionell gutt gelongen CD entdeckt huet. An dësem Fall ass et dem Franz Schubert seng grouss Symphonie an Do Majeur, an enger Interpretatioun vum Dirigent Enoch zu Guttenberg a sengem Orchester KlangVerwaltung.