Panorama
Panorama
Déi spuenesch Justiz huet d'international Haftbefehler géint de fréiere katalanesche Regionalpresident Carles Puigdemont a fënnef fréiere katalanesche Regierungsmembere fale gelooss
De SREL-Prozess kéint Ufank vum nächste Joer an engem zweete Versuch ofgehale ginn
Déi fënnef gréisste Parteien hunn de Moien en Accord ënnerschriwwe mat Regele fir d'Campagne vun de Chamberwahlen am Oktober
D'Police huet zejoert 715 mol an Zesummenhang mat haislecher Gewalt missen agräifen, d'Zuel vun den Interventiounen ass domat ëm bal 10 Prozent am Verglach mat 2016 zréckgaangen
D'Chamber huet de Mëtteg gréng Luucht ginn fir den zéngte fënnef Joeres-Plang fir déi touristesch Infrastrukturen. Dee Plang, mat enger Enveloppe vun 60 Milliounen Euro, soll d'Vermaartung, d'Digitaliséierung an och d'Schafe vun neien Produiten fërderen
D'Regierung denkt un de Site nieft dem Centre de rétention um Findel fir en neit Gebai fir d'Luxexpo The Box
Zu Ollem an der Gemeng Kielen soll an de nächste Joren de Projet ELMEN mat 850 Wunnengen entstoen - e Projet deen ëmstridden ass wéinst dem méiglechen Impakt op de Verkéier. Mir hu mat Awunner geschwat
Fluchverkéier iwwert der Belsch wéinst Pann am Nomëtte gespaart
Ryanair sträicht Flich vum Findel nächste Mëttwoch an Donneschden
Den Geraint Thomas wënnt déi 12. Etapp am Tour de France a bléift am giele Maillot, de Bob Jungels ass elo 13. am Generalklassement
D'Mandy Minella gewënnt an den Aachtelsfinallen zu Gstaad géint d'Schwedin Johanna Larsson