CD-Klassik
Eng attraktiv Versioun
E polnesche Musikolog hat eng Kéier Thees opgestallt, de Frédéric Chopin hätt seng Pianosconcerti net selwer orchestréiert. De Wëssenschaftler konnt dat ni definitiv beweisen, well et keng Autograph méi gëtt. Feststeet, datt de Chopin, quasi als Training, seng Concerti fir d'éischt mat engem Sträichquartett gespillt huet, éier hien un déi grouss Form gaangen ass. Och haut gëtt et méi oder manner gelongen Adaptatioune vun dëse Wierker fir aner Besetzungen. Elo gëtt et eng nei Produktioun mat enger Fassung vum 2. Concerto fir Piano eleng.