CD-Klassik
Brillante Sibelius
An der Lescht koumen en etlech ganz gutt Opname mat de Symphonië vum Jean Sibelius eraus. De Simon Rattle huet mat de Berliner Philharmoniker eng Integrale gemaach. De Symphonieorchester vum Bayresche Rundfunk huet e Live-Matschnëtt vun der 2. Symphonie ënner dem Mariss Jansons erausbruecht. Elo huet och den Dimitrij Kitajenko zesumme mam Kölner Gürzenich-Orchester dem Jean Sibelius seng 2. Symphonie opgeholl, an de Kitajenko ënnersträicht, datt en een exzellente Sibelius-Kenner ass.