Panorama


Trotz der Verseuchung vum Stauséi duerch Cyano-Bakterien, déi sougenannte Blo-Algen, géif et beim Drénkwaasser kee Problem ginn, sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg

Den Ëmweltministère warnt weiderhin virum Impakt vum Wierder op d'Loftqualitéit - haut a muer kéint d'Konzentratioun vum Ozon an der Loft den Informationsseuil erëm iwwerschreiden

D'Legaliséierung vum Cannabis war haut Thema an der Chamber-Petitiounskommissioun

Fir de Rekrutement vu genuch Enseignante fir d'Grondschoul ofzesécheren, wëllt den Educatiounsminister, datt méi Kandidaten déi deementspriechend Formatioun op der Uni Lëtzebuerg ofschléissen

An der viraussiichtlech leschter Chamberssëtzung an dëser Legislatur sinn de Mëtteg eng ganz Rëtsch Gesetzesprojete guttgeheescht ginn, virun allem am Beräich vun der Finanzplaz

De Marco Zwick an de Claude Wampach iwwerhuelen zwee Direkteschposten bei der CSSF

Vill Luef an Unerkennung krut d'Mediateure Claudia Monti de Moien an der Chamber, am Laf vun der Debatt iwwer hiren éischte Rapport als Ombudsmann

Haut goufen d'Guichete fir déi automatesch Passkontroll um Findel offiziell ageweit

De Leetzëns am Euroraum bléift um nidderege Rekord vun null Prozent

A Groussbritannien gëtt de medezinesche Cannabis vum Hierscht un zougelooss

En Air China Vol vu Paräis op Peking huet missen ëmdréien, wéinst enger falscher Terrorismus-Warnung

D'USA droe mat Sanktioune géint d'Tierkei, wéinst engem amerikanesche Paschtouer, deen den Ament ënner Hausarrest zu Izmir ass

Am Pakistan huet de fréiere Cricket-Star Imran Khan vun der sougenannter Bewegung fir Gerechtegkeet sech selwer als Gewënner erkläert, nach éier all d'Stëmme gezielt waren

Den F91 Diddeleng, de Progrès Nidderkuer an d'Escher Fola spillen haut d'Aller-Matcher an der zweeter Qualifikatiounsronn vun der Europa League

De Fransous Arnaud Démare gewënnt déi 18. Etapp haut am Tour de France

De Bensin gëtt méi deier, beim 95er ass dat eng Hausse vun 2,1 Cent, dee kascht elo 1,263 Euro de Liter an den 98 gëtt 1,7 Cent méi deier a kascht elo 1,317 Euro de Liter


Episoden

Kee Presswaasser vu Minett Kompost a Kanalisatioun méi / Isabelle Wiseler Lima: Ceuta war eng Attack op d'EU / Tierkei, Pakistan a Saudi-Arabien hu Militär-Pakt decidéiert
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Housen: Eichenprozessionsspinner Ursaach fir Ausschlag bei Kanner / Schéisserei Bangkok: Aacht Doudeger, dorënner fënnef Enseignanten / Meta: Strof vu 567 Milliounen Dollar
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Housen: 5 Kanner a 4 Educateure koumen an d'Spidol, no Hautausschlag / Permanent nei Wiederrekorden an Europa / Russesch Reseaue mësche sech an de franséische Walkampf an
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Housen: 5 Kanner a 4 Educateure koumen an d'Spidol, no Hautausschlag / Permanent nei Wiederrekorden an Europa / Russesch Reseaue mësche sech an de franséische Walkampf an
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Dréchent: Peegelstänn vu Baachen a Flëss extreem niddereg / Vandalismus: 60 Griewer um Kierfecht zu Beetebuerg beschiedegt / UEFA drot weider mat Boykott
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Beetebuerg: Vandalismus um Kierfecht / Dréchent: Drénkwaasser kéint an Zukunft knapp ginn / Hëtztwell Juni: 9.600 Doudeger an Däitschland
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

D'Online-Banking-App vun der Post soll e Méindeg nees fonctionéieren / Läschmaterial: d'Air Rescue beschwéiert sech iwwer de CGDIS / D'FIFA Spëtzt steet hanner Gianni Infantino
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

D'Online-Banking-App vun der Post soll e Méindeg nees fonctionéieren / Läschmaterial: d'Air Rescue beschwéiert sech iwwer de CGDIS / D'FIFA Spëtzt steet hanner Gianni Infantino
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Statec revidéiert Inflatiounsprognos fir dëst an d'nächst Joer no ënnen / Dréchent: Bauere musse Béischte schluechte wéinst Manktem u Fudder / London: 4 Persounen ergestach
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Op en Neits Attack op ee Giischtjen / Mäerterter Hafe kritt niddereg Peegele vum Rhäin ze spieren / Lidl-Trek: Gespréicher mat Lëtzebuerger Cyclistinnen
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Niddereg Peegele vum Rhäin impaktéieren Hafe vu Mäertert / Léon Gloden: Lëtzebuerg steet zu oppene Grenzen / Hormus-Passage: Fortschrëtter bei Verhandlungen
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Niddereg Peegele vum Rhäin impaktéieren Hafe vu Mäertert / Léon Gloden: Lëtzebuerg steet zu oppene Grenzen / Hormus-Passage: Fortschrëtter bei Verhandlungen
headphones

14 min

play_arrow

Owespanorama

Exklav Ceuta: EU-Inneministere stellen sech hanner spuenesche Premier Sanchez / Analysen ëm Liewenserwaardung vu Pensionéierter / TDF vu Fraen: Marlen Reusser am Maillot Jaune
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Cyberattack op CSL / Meteolux: keng Ofkillung a Siicht / EU-Inneministere beroden iwwer Situatioun zu Ceuta
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

CGDIS: Dräi gréisser Bränn gëschter Owend am Norden / EU Migratioun: Inneministere beroden iwwer Ceuta-Kris / Mouveco: Regierung géif Klimabilan ze positiv duerstellen
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

CGDIS: Dräi gréisser Bränn gëschter Owend am Norden / EU Migratioun: Inneministere beroden iwwer Ceuta-Kris / Mouveco: Regierung géif Klimabilan ze positiv duerstellen
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Ceuta: Luc Frieden solidaresch mam spuenesche Premier Pedro Sanchez / Mouvement écologique kritiséiert Subventioune fir Plug-In-Hybrid-Autoen / Sigrid Haugset neie Maillot Jaune
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Gemeng Hesper: Léieren zéien aus der Vergaangenheet / Vermësste Jong: Strofdot gëtt ausgeschloss / Trump kënnegt Gespréicher mam Iran un
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Rhäin esou niddereg wéi nach ni / Ungarn: Atomzentral ofgeschalt well Donau ze niddereg ass / Energie: Nei Subventioune vu Gas, Mazout a Stroum a Kraaft
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Dréchent: Rhäin esou niddereg wéi nach ni / Ungarn: Atomzentral ofgeschalt well Donau ze niddereg ass / Energie: Nei Subventioune vu Gas, Mazout a Stroum a Kraaft
headphones

10 min

play_arrow