Panorama
Panorama
D'Grenzwäerter vu Bloalgen am Stauséi goufen dëst Joer iwwer ee Mount méi fréi wéi d'lescht Joer iwwerschratt - doriwwer wier hien iwwerrascht, seet am 100,7-Interview de Spezialist fir Waasserqualitéit Christian Penny
Zu Elveng an der Gemeng Schengen wier de Moien eng Persoun dout opfonnt ginn, mellt d'Police
De Münchener Fluchhafen war de Moien e puer Stonne laang blockéiert, well eng Fra am Terminal 2 onkontrolléiert an d'Sécherheetszon komm ass
De fréiere Regionalpresident vu Katalounien, Carles Puigdemont huet Däitschland verlooss an ass zeréck an der Belsch
No laangen Diskussiounen huet déi belsch Regierung e Militärbudget fir 2019 ofgeseent, deen den europäesche Critèren entsprécht
De Poopst François huet de Récktrëtt vun engem prominenten amerikanesche Kardinol acceptéiert, deem Mëssbrauch vu Mannerjärege virgeworf gëtt
No gewaltvolle Protester gëschter un der Grenz mat Israel sinn dräi Palestinenser an der Gazasträif ëmkomm
88 Mënschen sinn duerch dat schrot Feier e leschte Méindeg bei Athen ëmkomm, esou e leschte Bilan
Wéinst Bëschbränn a Kalifornien hunn zéngdausende Leit hir Haiser misse verloossen, zwou Persoune sinn dës Woch scho wéinst dem Feier gestuerwen
A Russland demonstréieren haut zéngdausende Leit géint eng ëmstridde Pensiounsreform
Dem Brit Geraint Thomas steet enger Victoire am Tour de France näischt méi am Wee no der zweetleschter an decisiver Etapp haut, déi den Tom Dumoulin fir sech entscheede konnt